Allgemeng Konditioune fir d’Buslocatioun.
§ 1 Offer a Vertrag
- Dem Client seng Reservatioun ka schrëftlech, an der elektronescher Form, gemaach ginn.
- De Vertrag gëtt forméiert duerch d’Bestätegung vum Busbetrib – nofolgend als « Betrib » bezeechnet – an enger schrëftlecher oder elektronescher Form, souwäit näicht Aneres ausgemaach gouf. Am Fall vun enger Divergenz vum Inhalt vun der Bestätegung mat deem vun der Reservatioun forméiert sech de Vertrag op Basis vun der Confirmatioun, falls de Client deen an engem Delai vun enger Woch zoustëmmt.
§ 2 Déngschtleeschtungen
- D’Donnéeë vun der Bestätegung bestëmmen d’verträglech festgeluecht Déngschtleeschtungen. §1 Alinea 2 bleift onverännert.
- Am Kader vun der Buchungsbestätegung bestinn d’Déngschtleeschtungen aus deene folgende Elementer: d’Bereetstelle vun engem Gefier, dat an der ausgewielter Zort ass, mat oder ouni Chauffer, an d’Realisatioun vum Transport; d’Applikatioun vun de gesetzleche Virschrëfte betreffend de Betribsvertrag an den Depotvertrag sinn ausgeschloss.
- Déi folgend Elementer sinn net an den Déngschtleeschtungen abegraff:
- d’Realisatioun vum Zil vum Oflaf vun der Rees,
- d’Iwwerwaachung vun de Reesender, besonnesch vun de Kanner, Teenager a Behënnerten,
- d’Iwwerwaachung vun de Clienten hire Saachen, respektiv vun de Reesender hir Saachen, déi am Autobus bliwwe sinn,
- d’Iwwerwaachung vun de Gepäck beim Op- an Auslueden,
- d’Matdeelen un de Reesender vun der Reglementatioun, déi fir si gëlteg ass an déi spezifesch d’Devisen, d’Päss, d’Douane an d’Gesondheetspreskriptiounen, souwéi d’Obligatiounen, déi domat verbonne sinn, betrëfft.
Dëst gëlt net falls eppes Aneres ausgemaach gouf.
§ 3 Modifikatioune vun den ausgemaachten Déngschtleeschtungen
- D’Modifikatioune vun den ausgemaachten Déngschtleeschtungen, déi dem Betrib no der Formatioun vum Vertrag imposéiert sinn, sinn erlaabt falls d’Ëmstänn, déi se motivéiert, net d’schlecht Absicht vum Betrib zréckzeféieren sinn, a souwäit d’Verännerungen net inakzeptabel fir de Client sinn. Soubal d’Ursaach vun der Modifikatioun vum Betrib bekannt ass, ass de Betrib verflicht, de Client z’informéieren.
- D’Verännerunge vum Client si méiglech mat der Awëllegung vum Betrib. Se mussen an der schrëftlecher oder elektronescher Form festgestallt ginn, souwäit näischt Aneres ausgemaach gouf.
§ 4 Präis a Bezuelung
- De Locatiounspräis ass deen, deen am Vertrag bestëmmt ass.
- All wesentlech Erhéijung vun den zousätzleche Käschten (z.B. Käschte fir d’Iwwernuechtung vum oder vun de Chauffer(en), fir d’Fährschëff, fir d’Parkplaz, fir d’Entréeën a fir all aner Zort vu Steiere fir de Stroosse- oder Fluchverkéier) sinn net am Locatiounspräis, deen am Vertrag steet, abegraff, a sinn zu der Belaaschtung vum Client, souwäit näischt Aneres bestëmmt gouf.
- D’zousätzlech Käschten, déi wéinst de Verännerunge vun den ausgemaachten Déngschtleeschtunge verursaacht goufen an déi de Client ugefrot huet, ginn him op der Rechnung bäigesat.
- D’Käschte fir d’Sanéierung vun de Schied, déi de Client, respektiv seng Reesender verursaacht huet/hunn, sinn zu der Belaaschtung vum Client.
- D’Rechnungen, inklusiv d’Rechnunge fir den Akkont, sinn an engem Delai vu 7 Aarbechtsdeeg ab der Receptioun an ouni Deductioun ze bezuelen. Dem Betrib ass et erlaabt, de Vertrag ouni Warnung an ouni Mise en Demeure ze kënnegen, falls de Client d’Rechnungen, inklusiv déi fir den Akkont, net bezilt an dat, gemäss de Bezuelungskonditiounen. De Client muss an dësem Fall d’Indemnitéite bezuelen, wéi se am §5 1. Alinea festgehale sinn.
§ 5 Récktrëtt / Opléisung vum Client
De Client hëlt zur Kenntnis a gëtt seng Zoustëmmung dozou, datt hien am Fall vun engem Récktrëtt vum Vertrag Indemnitéite jee no engem Forfait, deen hei ënne steet, bezuele muss:
- bis zu 30 Deeg virum festgeluechten Datum vum Depart, 10% vum ausgemaachte Locatiounspräis.
- vun 20 bis zu 11 Deeg virum festgeluechten Datum vum Depart, 25% vum ausgemaachte Locatiounspräis
- vun 10 Deeg oder manner virum festgeluechten Datum vum Depart, 50% vum ausgemaachte Locatiounspräis.
Keng Indemnitéit ass ze bezuelen, wann de Récktrëtt un engem Fall vun héijer Gewalt läit oder u Verännerungen duerch de Betrib vun den Déngschtleeschtungen, déi wesentlech an inakzeptabel fir de Client sinn.
Wann nom Depart vun der Rees Verännerunge vun de Déngschtleeschtungen néideg sinn, déi fir de Client wesentlech an inakzeptabel sinn, kann de Client de Vertrag opléisen – ënnert Virbehalt vun anere Rechter. De Betrib muss an deem Fall op Demande vum Client, de Client a seng Reesender rapatriéieren, mä nëmme mat den Transportmëttelen, déi am Vertrag ausgemaach goufen. Am Fall vun engem Récktrëtt wéinst enger héijer Gewalt, sinn zousätzlech Käschte fir d’Rapatriéierung zu der Belaaschtung vum Client.
Wann d’Verännerunge vun den Déngschtleeschtungen net zum Betrib zréckzeféiere sinn, däerf de Client keng Uspréch gëlteg maachen.
Wann de Client de Vertrag opléist, däerf de Betrib en Usproch fir eng adequat Indemnitéit gëlteg maachen, fir d’Déngschtleeschtungen, déi schonn duerchgeféiert goufen an déi, déi nach duerchzeféiere sinn, souwäit déi nach am Interêt vum Client wieren, trotz der Opléisung vum Vertrag.
§ 6 Récktrëtt / Opléisung vum Betrib
Dem Betrib ass et erlaabt, de Vertrag virum Datum vum Depart vun der Rees opzeléisen, am Fall vun aussergewéinlechen Ëmstann fir déi en net verantwortlech gemaach ka ginn an wéinst deenen d’Déngschtleeschtungen net realiséiert kënne ginn. An deem Fall däerf de Client nëmme fir d’entstehend Käschte rembourséiert ginn, déi direkt mat der Reservatioun vun der Locatioun verbonne sinn.
De Betrib kann de Vertrag nom Depart opléisen, falls d’Déngschtleeschtungen net méi duerchgeféiert ginn, wéinst engem Fall vun héijer Gewalt oder zousätzleche Schwieregkeeten, Gefährdung oder wesentlechen Aschränkungen wéinst ongeplangte Faiten, wéi z.B. : Krich, Krichshandlungen, Hostilitéiten, Opstand oder Zivilkrich, Verhaftungen, Konfiskatiounen, Schwieregkeeten vu staatlech Organisatiounen oder vun anere Persounen, Blockage vun de Stroossen, Quarantäne-Moossnamen, souwéi Streiken, déi net zum Betrib zréckzeféiere sinn, Exklusiounen oder konzertéiert Arretë vun der Aarbecht oder am Fall vu Schwieregkeeten, Gefährdungen oder Verhënnerung vum Client. Am Fall vun enger Opléisung wéinst héijer Gewalt, Gefährdung oder wesentleche Schwieregkeeten muss de Betrib de Client op Ufro rapatriéieren, souwéi seng Passagéier; d’Demande fir d’Rapatriéierung limitéiert sech op déi am Vertrag ausgemaacht Transportmëttelen. D’zousätzlech Käschte fir d’Rapatriéierung wéinst enger Opléisung am Fall vun héijer Gewalt bleiwen zu der Belaaschtung vum Client. De Betrib, deen de Vertrag opléist, huet Usproch op enger adequater Remuneratioun fir d’Déngschleeschtungen, déi schonn duerchgeféiert goufen, souwéi déi, déi nach ze leeschte sinn nom Vertrag, souwéi déi en Interêt fir de Client hunn, an dat, souguer no der Opléisung vum Vertrag.
§ 7 Responsabilitéit
- De Betrib ass responsabel fir d’ordnungsgemäss Duerchféierung vum Transport, an dat am Kader vun der Suergfaltsflicht vun engem verantwortungsbewossten Händler.
- De Betrib ass net responsabel fir d’Perturbatioune vun den Déngschtleeschtunge wéinst héijer Gewalt oder zousätzleche Schwieregkeeten, Gefährdung oder wesentleche Verhënnerungen opgrond vun ongeplangten Ëmstänn, wéi z.B. : Krich, Krichshandlungen, Hostilitéiten, Opstand oder Zivilkrich, Verhaftungen, Konfiskatiounen, Schwieregkeete vu staatlechen Organisatiounen oder vun anere Persounen, Blockage vun de Stroossen, Quarantäne-Moossnamen, souwéi Streiken, déi net zum Betrib zréckzeféiere sinn, Exklusiounen oder konzertéierten Arretë vun der Aarbecht.
- D’Virschrëfte fir d’Rapatriéierung bleiwen onverännert.
§ 8 Beschränkung vun der Responsabilitéit.
- De Client a seng Reesender hunn vum Fait Kenntnis geholl an akzeptéieren ausdrécklech, datt si en Usproch fir en Ausgläich hunn, dee sech op héchstens 1.000,- € pro Reesender fir d’materiell Schied beschränkt. A kengem Fall kann de Montant vun den Indemnisatioune méi héich wéi deen am Vertrag bestëmmte Locatiounspräis sinn.
- De Betrib ass net verantwortlech fir Schied, déi verursaacht ginn, wéinst Tätegkeete vum Client oder vu senge Reesender, wéinst ongeplangten oder onvermeidlechen Tätegkeete vun Drëttparteien, a wéinst engem Fall vun héijer Gewalt.
- De Client entlaascht de Betrib, souwéi d’Persounen, déi an der Formatioun vum Vertag intervenéieren, vun all Uspréch, déi sech op Faiten, déi am §2.3 Zitéierungen a-e präziséiert sinn.
§ 9 Gepäck an aner Géigestänn
- D’Gepäck mat enger normaler Konsistenz ginn och transportéiert an, falls dat am viraus zougestëmmt gouf, och aner Géigestänn.
- De Client ass verantwortlech fir d’Schied, déi vun de Géigestänn verursaacht goufen, déi vun him oder vu senge Passagéier transportéiert sinn, falls dës Schied zu Ëmstänn déi zu him oder zu sengen Passagéier zréckzeféiere sinn.
§ 10 Verhale vum Client a vun de Passagéier
- De Client iwwerhëlt d’Responsabilitéit vum Verhale vu senge Passagéier während dem Trajet. D’Uweisunge vum Bordpersonal mussen agehal ginn.
- D’Passagéier, déi sech net un d’begrënnt Uweisunge vum Bordpersonal anhalen, kënne vum Transport ausgeschloss ginn, falls d’Veruechtung vun den Uweisungen eng Gefor fir d’Sécherheet oder d’Uerdnung vum Betrib oder fir d’Passagéier verursaacht, oder wéinst anere Grënn, déi d’Suite vum Transport onerträglech fir de Betrib maachen. An deem Fall däerf de Client keen Usproch fir e Recours géint de Betrib hunn.
- D’Reklamatioune riichte sech fir d’éischt un d’Bordpersonal a falls e keng raisonnabel Solutioun fënnt, fir de Problem ze léisen, un de Betrib.
- De Client muss, souwäit wéi méiglech, un den Efforten deelhuelen, fir eng Solutioun fir d’Perturbatioune vun den Déngschtleeschtungen ze fannen, sou datt eventuell Schied vermeit oder limitéiert kënne ginn.
§ 11 Zoustänneg Geriichter an applikabelt Recht
Fir all Sträitfall verbonne mat der Duerchféierung a mat der Interpretatioun vum Vertrag sinn exklusiv d’Geriichter vum Sëtz vum Betrib zoustänneg.
D’lëtzebuergescht Recht gëtt applizéiert.
§ 12 Wann e puer Virschrëften null oder net uwendbar sinn
Am Fall wou eng Klausel vum Vertrag, inklusiv eng vun dësen allgemenge Konditiounen, annuléiert misst sinn, respektiv als null an nichteg erkläert ginn, géif se awer net zur der Nullegkeet vum ganze Vertrag féieren, well déi aner Virschrëften nach ëmmer applikabel sinn.
D‘däitsch Versioun vun dësen allgemengen Konditioune virherrscht d’franséisch Versioun.