Eis CSR-Politik.
D’CSR (Corporate-Social-Responsability) ass e Konzept, wou d’Betriber fräiwëlleg sozial, ekologesch a wirtschaftlech Préoccupatiounen an hiren Aktivitéiten an an hiren Interaktiounen mat hiren Akteuren integréieren. Fir am Beschten ekonomesch Entwécklung, Respekt vun der Persoun an Ëmweltschutz ënnert engem Hutt ze bréngen hu mir ab 2007 eng CSR-Politik agesat. Dës Politik gouf ageriicht jee no den Haaptchallengen, déi mat den Aktivitéite vum Grupp verbonne sinn. Eis Gesellschaft huet dës Politik ronderëm 3 Haaptvolete vun der nohalteger Entwécklung strukturéiert, d.h.:
- De sozialen a gesellschaftleche Volet
- Den ëmweltfrëndleche Volet
- Den ekonomesche Volet
Mir fuerderen a fërderen de géigesäitege Respekt tëscht Mataarbechter an d’Teamaarbecht ass ee vun onsen Objektiver. D’Personalverwaltung an eisem Betrib baséiert op Vertrauen, Motivatioun a Fërderung. Mir sinn der Meenung datt mir fir d’Promotioun an d’ugepasst Bildung vun allen onse Mataarbechter verantwortlech sinn, op der Basis vun enger absoluter Gläichheet an enger profitabler Affectatioun vu Persounen, déi a verschidden Aarbechtsberäicher verschiddlech begaabt sinn, a mat engem op der Leeschtung baséierte Salaire.
Wat de gesellschaftleche Volet ugeet, maache mir eist Bescht fir Servicer unzebidden, déi vun héijer Qualitéit, flexibel a fir d’Ëffentlechkeet zougänglech sinn. Verschidde Partnerschafte goufe mat ville Gemengen zu Lëtzebuerg ofgeschloss, fir attraktiv Forfaiten ze proposéieren. Dank dem Flexibus-Service kënnen d’Persounen, déi isoléiert sinn, net fueren oder keen Auto hunn, ërem aktiv am soziale Liewen vun der Gemeng participéieren. An dat, besonnesch um Land, wou d’Dierfer verbreet sinn, awer wéineg Bevëlkerung zielen. Eis Gefierer si mat groussen Dieren an Rampen equipéiert, wat fir dës Transportaart ideal ass.
D’Sécherheet spillt eng Haaptroll an eiser CSR-Strategie. Zousätzlech zu obligatoresche Stagë maachen ons Chauffere regelméisseg intern Formatiounen. Mir suerge dofir, datt ons Gefierer de lëtzbuergeschen an europäesche Verkéierssécherheetsnormen entspriechen. Duerch Servicer wéi Night Rider, Event Rider, Cool Bus oder ons Navetten fir all Zort vun Eventer kënnen d’Benotzer op den Auto verzichten a ganz a Rou erausgoen.
Den ëmweltfrëndleche Volet huet eng wesentlech Plaz an der Grupp an haaptsächlech fir Sales-Lentz. Mir hunn etlech Demarchen ënnerholl, fir onsen Ökobilan ze reduzéieren. Sales-Lentz war den éischte Persounentransportbetrib zu Lëtzebuerg, deen e Bilan Carbone® opgesat huet an en Öko-Label-System zanter 2012 proposéiert huet.
Eis Pionéierroll encouragéiert eis, ëmmer déi modernst Technologien erauszefannen an z’entwécklen. Aus dësem Grond huet zanter 2009 Sales-Lentz ugefaangen an Hybrid-Gefierer z‘investéieren, a konnt esou säi Bensinverbrauch a seng Zäregas-Emissioune wesentlech reduzéieren. Dozou hu mir en interne Bildungskonzept fir Ecodriving fir all ons Chaufferen entwéckelt.
2004 gouf zu Lëtzebuerg eng vun de wichtegste Photovoltaikanlag (2.215 Solarmodullen am ganzen) op eisem Site zu Nidderkäerjeng ageweit. Op enger Fläch vu bal 2.000 m2 produzéieren dës Solarmodullen eng Leeschtung vun 354 kWp, wouduerch pro Joer 150 Tonnen net ausgestouss ginn.
Am Laf vun de Joer goufen dës Efforten unerkannt an duerch Labelle wéi „Made in Luxembourg“ oder „Entreprise Socialement Responsable“ (zanter 2010) ausgezeechent. Sales-Lentz krut de „Prix luxembourgeois de la Qualité et de l’Excellence », wat eng vun deenen héchsten Auszeechnungen ass, fir d’Betriber, déi hir Prozesser, Produkter a Servicer verbessere wëllen, fir eng optimal Zefriddenheet vun hirer Konnschaft. Zanter 2014 si mir och Signatairë vun der Diversitéits-Charta.
Bewosst, datt mir verantwortlech sinn, fir d’besteeënd Aarbechtsplazen z’integréieren an ze schounen, engagéiere mir eis virun allem, déi ze garantéieren. An esou brénge mir eise Bäitrag zum wirtschaftleche Succès vun eisem Land a spillen eis Roll vis-à-vis vun de Regiounen, an deene mir ons Aktivitéiten entwécklen. Mir huelen aktiv un innovative Projeten deel. Mir respektéieren d’Mënscherechter a verméiden all Diskriminatioun op Basis vun der Hierkonft, vun der Relioun, vum Alter oder vum Geschlecht. Mir sinn vun eiser Pionéierroll bewosst a wëllen aktiv zu der Fërderung vun engem méi responsablen, méi konsensuellen a méi respektvolle Verkéier bäidroen.