Eis Geschicht.
Esou wéi et onméiglech ass, d’Geschicht an d’Entwécklung vun der Mënschlechkeet an 2 Sätz zesummenzefaassen, ass et onméiglech an e puer Wierder all déi wichteg Momenter vun der 60 Joer laanger Geschicht vum Sales-Lentz Group z’erzielen.
Am Ufank war d’Iddi, Leit vun engem Punkt A bis op e Punkt B ze féieren. De Jos Lentz, dem Jos an dem Marc Sales hire Grousspapp, war e grousse Fussballsfan an hien hat sech verflicht, Supporter vun der lokaler Mannschaft bis op Fussballsterrainen ze féieren. Fréier gouf et zu Lëtzebuerg keng Privatgruppe vu Benotzer vu Gefierer, an och keng Buslinnen a keng Reesagencen. Jos Lentz war also e Pionéier a sengem Land. Well hien Zerealienhändler war, war hien deen eenzegen an der Regioun mat engem grousse Won, d.h. e Camion. Dës kleng „Supporter-Transporter“ hu sech séier an organiséierte Sonndes-Ausflich ëmgewandelt.
Fréier haten eeler Leit d’Mier nach ni gesinn, dofir wollt de Jos Lentz hinnen dës Opportunitéit ginn. D’Lagerungsfläch vum Camion gouf ageriicht, fir datt se méi bequem konnt ginn, a wa kee Match um Fussballskalenner stoung, ass de Camion op d’Belsch Küst fortgefuer.
Wéinst dem Zoustand vun de Stroossen an dem Mangel u Confort war et net méiglech en Aller-Retour a just engem Dag ze maachen.
Esou si si samschdes fortgefuer, hunn an der Belsch eng Nuecht verbruecht an no e puer Stonnen beim Mier koume si an d’Lëtzebuerger Land zréck. Dat war den Ufank vun den organsiéierte Reesen zu Lëtzebuerg.
E puer Datumer
Eischte Bedford Edelweiss Bus
Jos Lentz erfëllt schliesslech de Wonsch vu senger Konnschaft, déi hie gefrot hunn, e „richtege“ Bus, en authenteschen „Bedford“ ze kafen, fir méi gemittlech ze reesen.
Foot & Schmelzen
Fir den Aarbechter de schwéieren Trajet mam Velo vun hirer Wunneng bis op d’Aarbechtsplaz ze vermeiden, féiert si de Jos Lentz am Wanter vu Suessem bis op d‘Déifferdanger Schmelz. Dëse ganz beléifte Service ass déi éischt offiziell Buslinn am Süde vu Lëtzebuerg (Kënzeg-Déifferdeng). E Joer méi spéit, dank dem Akaf vun engem zweete Bus ass déi éischt regelméisseg Verbindung tëscht Nidderkäerjeng an d’Stad Lëtzebuerg op.
« Voyages Henri Sales-Lentz Bascharage »
Dem Jos Lentz seng Duechter, d’Agnès, bestuet sech mam Henri Sales, esou gëtt d’Firma « Voyages Henri Sales-Lentz » gegrënnt. Am Ufank vun de 60er Jore besteet d’Kapital vun der Firma aus dräi regelméissege Buslinnen, véier Autobussen an engem Büro zoustänneg fir d’Organisatioun zu Nidderkäerjeng. Dëse Familljebetrib ass séier en Employeur vun 20 Salariéë ginn.
Éischt Reesagence
Ouverture vun der éischter Reesagence an der Stad Lëtzebuerg.
Sales-Lentz Agencen
De Kontakt mat der Konnschaft verbessert sech mat der Ouverture vu Reesagencen zu Miersch (1979), zu Esch/Uelzecht (1989), am City Concorde (1995), zu Diddeleng (1997), souwéi am Quartier vun der Gare an der Stad (1998) an zu Ettelbréck (1998). Sales-Lentz zielt elo zu deene gréisste Bus- a Reesbetriber am Lëtzebuerger Land.
Marc a Jos – Associéen
Déi zwee Jongen an aktuell Aktionären, de Marc an de Jos Sales iwwerhuelen de Familljebetrib a féieren dee mat Erfolleg bis zum neie Joerdausend hin.
Nei Bussen
Op Initiativ vum Marc a vum Jos Sales gëtt d’Flott vun de Gefierer deelweis erneiert an d’Firma verbeet sech duerch d’Reprise vu Frisch Rambrouch Autocars a Ross Troine Autocars am Norde vum Land.
Reprise vun Travel Pro
Am Kader vu senger Expansioun an der Diversifizéierung vu senge Servicer garantéiert d’Firma duerch d’Reprise vun Travel Pro, den Expert fir Geschäftsrees, e kompetitiven a professionnelle Service fir déi ganz Konnschaft.
Easybycoach gëtt flibco.com
Dësen neien Numm ass fir déi bekannt Innovatioun vu Sales-Lentz, de low cost Service fir Shuttlebusse vun an op Fluchhafen.
Sech fir d’Zukunft virbereeden
D’Firma erlieft e grousse Wuesstum. Bannent 14 Joer huet d’Grupp säin Ëmsaz verdräifaacht, d’Flott ass vun 93 Gefierer bis op 320 gewuess, d’Unzuel vu Reesagencen ass vu 4 bis op 19 Verkafspunkten an d’Luucht geklomm an d’Unzuel vun Employéë vun 120 bis op 750.
Et ass wichteg, den Terrain ze preparéieren, fir um Wee vum Succès ze bleiwen.
Changement vum Logo & vun der C.I.
Changement vum Logo a vun der C.I. Moving People – fir op de kosmopolitesche Changementer vun der Gesellschaft z‘äntweren, decidéiert d’Firma e Motto op Englesch ze benotzen. Et ass net nëmmen eng scheinbar Renovatioun, well d’Zil ass, eng staark an eenzegaarteg Identitéit ze schafen, un déi all d’Mataarbechter vun der Grupp sech identifizéiere kënnen, ronderëm enger MISSIOUN, enger VISIOUN a PRINZIPIEN.
Éischten Hybrid-Bus
Liwwerung vum éischte Volvo Hybrid-Bus an der Welt.
INDR-Labell
D’Firma ass eng vun deenen éischten, déi vum INDR den ESR-Labell krut. Dëse Präis ass eng zousätzlech Motivatioun, fir eng nohalteg Entwécklung duerch innovativ Iddien a Projeten ze promovéieren.
Reprise vu Voyages Léonard Belgique
Reprise vu Voyages Léonard, de belsche franséichsproochege Leader fir Busreesen iwwerall an Europa.
« Prix Luxembourgeois de la Qualité et de l’Excellence »
Sales-Lentz huet de « Prix Luxembourgeois de la Qualité et de l’Excellence » gewonnen.
Nummännerung : „We love to travel“
D’Reesagencë vu Salez-Lentz heeschen elo „We love to travel“.
Nummännerung : „Sales-Lentz Group“
D’Firma setzt all d’Elementer vun der Grupp ënnert engem Daach mam Numm „Sales-Lentz Group“.
Executive Lane
Nach eng Innovatioun a Première um Maart an der Groussregioun. Mat Executive Lane lancéiert d’Sales-Lentz Group eng nei Dimensioun mat personaliséierten Deplacementer mat Limousinë vun héijer Qualitéit a Conciergerie-Servicer vun Dekra D1 zertifizéierte Chauffere realiséiert, eng Exklusivitéit zu Lëtzebuerg.
Neien Depot fir Sales-Lentz zu Esch/Belval
Ouverture vum 10. Bus-Depot zu Esch/Belval vun enger Fläch vun 2900 m2.