Sales-Lentz-Charta.
Zesumme mat onse Mataarbechter hu mir eng Charta fir eise Betrib verfaasst, déi d’Philosophie an d’Strategie vun eiser Firma duerch 9 Haaptprinzipien guidéiert. Eist Zil: Mir wëllen zu Lëtzebuerg an iwwert d’Grenzen déi Referenz fir d’Erfëllung vun de Rees- a Mobilitéitswënsch sinn.
Eis Missioun: "Begeeschtert Mataarbechter beweege begeeschtert Clienten".
Mataarbechter
Mir fuerderen a fërderen de géigesäitege Respekt tëscht Mataarbechter, an d’Teamaarbecht ass ee vun onsen Objektiver.
D’Personalverwaltung an eisem Betrib baséiert op Vertrauen, Motivatioun a Fërderung.
NMir sinn der Meenung datt mir fir d’Promotioun an d’ugepasst Bildung vun all onse Mataarbechter verantwortlech sinn, op der Basis vun enger absoluter Gläichheet an enger profitabler Affectatioun vu Persounen, déi a verschidde Aarbechtsberäicher verschiddlech begaabt sinn, a souguer mat engem op der Leeschtung baséierte Salaire.
Fir eis ass d’intern an extern Kommunikatioun wichteg. D’Employéen hunn d’Prioritéit wat d’Transmissioun vu wichtegen Informatiounen an hirem individuelle Beräich oder am Betib am Allgemengen ugeet.
Konnschaft
De Client steet am Zentrum vun eisen Aktivitéiten an eise Préoccupatiounen. Mir offréieren onse Clienten eng Fachberodung, rechtzäiteg an dat, fir e fairt Präis-Qualitéits-Verhältnis.
Et ass eist Zil, eng laangfristeg Relatioun mat onse Clienten opzebauen.
Mir lauschteren hinnen no a behandle hir Bemierkungen a Kritikë mat Seriö a Respekt.
Mir erfëllen d’Wënsch vun onse Clientë mat den héchstméigleche Qualitéitsstandarden.
Sécherheet – Gesondheet
Mir garantéieren d’Sécherheet vun onse Clienten, andeems mir si an Autobusse reese loossen, déi mat der héchster technescher Qualitéit sinn an déi perfekt ënnerhale ginn.
Ons Clientë profitéieren och vun dëser Sécherheet dank engem qualifizéierten a gutt ausgebilte Personal. An all de Secteure vun eisem Betrib denke mir un d’Sécherheet.
Aus dësem Grond sinn ons Clienten, souwéi ons Mataarbechter, gutt geschützt.
Innovatioun
Als Betrib si mir fir all nei Iddi offen. Déi innovativ Iddië gi jee no hir Nëtzlechkeet fir ons Clienten examinéiert an, wann néideg, realiséiert.
Als Betrib wëlle mir un der Spëtz vum technesche Fortschrëtt stoen, an dat, an alle Beräicher.
Mir wëllen eise Maart kennen a féieren dofir Maartanalysen duerch.
Zesumme mat onse Mataarbechter fanne mir Solutiounen, fir bekannt Problemer ze léisen.
Mir encouragéiere bei ons Employéen den Ëmtausch vun Iddien a Reflexiounen.
Ëmwelt
De Betrib vermeit d’Verschwendung vun Naturressourcen.
Souwäit wéi méiglech benotze mir alternativ Energiequellen.
Souwäit wéi méiglech sinn ons Gefierer ausgeschafft, fir datt se esou wéineg wéi méiglech Schuedstoff-Emissiounen produzéieren. Mir wëllen datt ons Gefierer eng Haaptroll am Beräich vum ëffentlechen Transport spillen.
Mir engagéieren eis fir den Ëmweltschutz. Mir informéieren ons Clienten iwwert d’Moossnamen, déi an de verschidde Branchen d’Ëmwelt aktiv schoune kënnen, a mir encouragéieren ons Mataarbechter a Partner dozou, dës Moossnamen ze realiséieren.
Gesellschaft
Als Betrib si mir dovu bewosst, datt mir verantwortlech sinn, fir d’besteeënd Aarbechtsplazen z’integréieren an ze schounen. Eisen éischten Gedanken ass dës Aarbechtsplazen ze sécheren.
Mir bréngen eise Bäitrag zum wirtschaftleche Succès vun eisem Land a spillen eis Roll vis-à-vis vun de Regiounen, an deene mir ons Aktivéiten entwécklen. Mir huelen aktiv un innovative Projeten deel.
Mir respektéieren d’Mënscherechter a verméiden all Diskriminatioun op Basis vun der Hierkonft, vun der Relioun, vum Alter oder vum Geschlecht.
Mir sinn vun eiser Pionéierroll bewosst a wëllen aktiv zu der Fërderung vun engem méi responsablen, méi konsensuellen a méi respektvollen Tourismus bäidroen.
Onser Meenung no ass et ons Flicht, all Joer an op gezilter Weise, en ausgewielten Hëllefsprojet z‘ënnerstëtzen.
Leedung vun der Firma
Mir sinn eng vertrauenswierdeg Firma, déi mat enger stabiler a laangfristeger Verwaltung markéiert ass. Ënnert der Gestioun vum „Comité de Direction“ setze mir op Professionalismus, Schnellegkeet an Effikassitéit.
D’Leedung vun eisem Betrib charakteriséiert sech duerch lokal Decideuren.
Fournisseuren
Mir gesinn ons Fournisseuren wéi Partner.
Ons Fournisseure gi jee no Qualitéits- a Präiscritèren ausgewielt.
Mir favoriséiere Fournisseuren, déi déiselwecht Betribsstandarde wéi mir hunn.
Mir integréieren ons Fournisseuren an eisem Planifikatiounsprozess a favoriséiere laangfristeg Bezéiungen.
Mir bezuelen ons Rechnungen geméiss den ausgemaachte Konditiounen an Delaien.
Konkurrenz
Als Betrib respektéiere mir d’kierperlech a geeschtlech Proprietéit vun den aneren Akteuren um Maart.
Mir verwerfen all Vermëttlunge vu geschäftlechen Informatiounen duerch onéierlech Methoden, déi och am Widdersproch zu ethesche Prinzipien stinn.
Mir verwerfen och all zweifelshaft „Aktioun“, déi ons en eventuelle Virdeel vis-à-vis vun der Konkurrenz géif garantéieren.