En innovative an ëmweltfrëndleche Service fir d’urban Mobilitéit
Fueren net genuch ëffentlech Transportmëttelen an Är Gemeng? Géift Dir gär d’Liewe vun Äre Bierger vereinfachen, andeems Dir zu enger besser Gestioun vun hiren Deplacementer bäidrot?
Eis autonom Navettë fuere während de Spëtzenzäiten, an erméiglechen de Benotzer vun ëffentlechen Transportmëttele méi einfach vun der Gare oder vum Busarrêt bis op d’Aktivitéitszonen ze goen.
Mat enger Kapazitéit vu 15 Plazen, dorënner 4 am Stoen, huet d’Navett eng Autonomie vun 8 bis 10 Stonnen. Säi GPS-System rechent de Fuerplang an dank Kameraen, souwéi Sensoren, déi op alle Säiten installéiert sinn, ass et méiglech, d’Geforen virauszegesinn. E qualifizéierte Chauffer-Accompagnateur steet am Gefier, fir op d’Sécherheet opzepassen a fir am Noutfall z‘intervenéieren.
Mat der autonomer Navett hu mir d’Ambitioun, d’duuss Mobilitéit um lëtzebuergesche Territoire z’entwécklen an ze vereinfachen.
Ëffentlech Servicer a Mobilitéitssolutiounen
Ëffentechen Transport
City-Bus, Schoul- oder Stroossentransport, alles fir d’Mobilitéit vun de Bierger ze vereinfachen.
Gruppereesen op Mooss
Selektionéiert Är Dramdestinatioun a mir organiséiere fir Är Grupp all d’Prestatiounen, déi mat Ärer Rees verbonne sinn.