En innovativen an ëmweltfrëndleche Service fir d’urban Mobilitéit
Fueren e puer oder ganz wéineg ëffentlech Transportmëttele bei Är Firma? Géift Dir gär d’Liewe vun Äre Mataarbechter vereinfachen, andeems dir zu enger besser Gestioun vun hiren Deplacementer bäidrot?
Mir sinn täteg fir den Transport vun Ärer Aarbechtsplaz bis zu Terminale vum ëffentlechen Transport, fir de Stress vun Är Employéen ze reduzéieren a fir datt si méi Confort am Alldag kréien.
Eis autonom Navettë fuere während de Spëtzenzäiten, an erméiglechen den Employéën, déi ëffentlech Transportmëttele benotzen, méi einfach vun der Gare oder vum Busarrêt bis op de Sëtz vun Ärer Firma ze goen.
Mat enger Kapazitéit vu 15 Plazen, dorënner 4 am Stoen, huet d’Navett eng Autonomie vun 8 bis 10 Stonnen. Säi GPS-System rechent de Fuerplang an dank Kameraen, souwéi Sensoren, déi op alle Säiten installéiert sinn, ass et méiglech, d’Geforen virauszegesinn. E qualifizéierte Chauffer-Accompagnateur steet am Gefier, fir op d’Sécherheet opzepassen a fir am Noutfall z‘intervenéieren.
Mat der autonomer Navett hu mir d’Ambitioun, d’duuss Mobilitéit um lëtzebuergesche Territoire z’entwécklen an ze vereinfachen.
Trajeten, Mobilitéitssolutiounen, Reesen an Incentiven
Gruppereesen op Mooss
Selektionéiert Är Dramdestinatioun a mir organiséiere fir Är Grupp all d’Prestatiounen, déi mat Ärer Rees verbonne sinn.
Komplett Organisatioun vun den Openthalter fir Betriber
DMC (Destination Management Company) ass onse Service spezialiséiert fir d’Organisatioun vun Openthalter fir Betriber.