Zanter méi wéi 60 Joer spillt eis Firma eng wichteg Roll am Beräich vum Bustransport am Lëtzebuerger Land wéi an der Groussregioun. Dank der beandrockender Flott vu Bussen a Minibussen ass et ons méiglech, all Är Besoinë fir Locatioun z’erfëllen.
Locatioun vun engem Bus mat Chauffer fir Är Grupp
Wëllt Dir e Bus oder Minibus mat Chauffer lounen, fir en Deplacement am Kader vun enger Sortie mat de Memberen vun engem Veräin, engem Club oder enger Clique?
Jee no der Gréisst vun Ärer Grupp an d’Distanz ze fueren, stelle mir Iech Gefierer zur Verfügung, déi am Beschten ugepasst sinn, fir Iech eng Rees an den optimaalste Konditiounen ze garantéieren. De Professionalismus a Know-How vun onse Chauffere bréngen Iech Confort an Zefriddenheet, fir e ganz geloossenen Transport.
Wëllt Dir séier e fräien Devis fir d‘Locatioun vun engem Gefier mat Chauffer kréien ? Eise Configurateur steet zu Ärer Verfügung, fir d’Reservatioun vun Ärem Gefier ze maachen.
Reesen an Deplacementer (Transferten)
Fix-Navett fir Manifestatiounen op Ufro
Féiert Äert Publikum op d’Plaz vun der Manifestatioun mat eise Fix-Navett-Service.
Event-Navett op Ufro
Denkt un eis Event-Navett op Ufro fir Är Betribsfeieren. Alles gëtt betreit an Är Mataarbechter sinn a Sécherheet vum Ufank bis zum Schluss.
Gruppereesen op Mooss
Selektionéiert Är Dramdestinatioun a mir organiséiere fir Är Grupp all d’Prestatiounen, déi mat Ärer Rees verbonne sinn.