Zanter méi wéi 60 Joren vertraut Dir eis Equipe vu Beroder fir d’Organisatioun vun Ären Deplacementer.
Eis impressionnant Flott vu Bussen a Minibussen erméiglecht ons, all Är Bedierfnisser fir Locatiounen am Schoulëmfeld z’erfëllen.
Setzt op Sécherheet a Confort mat der Locatioun vun engem Bus mat Chauffer fir Är Schoulrees.
Duerch d’Locatioun vun engem Autobus kënnen d’Schüler agreabel a gemittlech Zäiten erliewen. An engem Locatiounsbus kënnen d’Enseignanten villsäiteg Animatiounen opbauen, fir datt d’Schüler sech net langweilen an datt si vun enger flotter Stëmmung profitéieren.
Jee no der Gréisst vun Ärer Grupp an d’Distanz ze fueren, stelle mir Iech Gefierer zur Verfügung, déi am Beschten ugepasst sinn, fir Iech eng Rees an de optimaalste Konditiounen ze garantéieren. De Professionalismus a Know-How vun onse Chauffere bréngen Iech Confort an Zefriddenheet, fir e ganz geloossenen Transport.
Reesen, Ausflich an Deplacementer
Verkéierssécherheetscours fir Schüler
Eng spilleresch Formatioun, fir op d‘Geforen vum Stroosseverkéier ze warnen an déi sech u jonk Benotzer riicht.
Ëffentlechen Schoultransport
En zougänglechen a séchere Proximitéitsservice, fir de Schoultransport am ganze Land ze garantéieren.
Schoulreesen an -ausflich
Ausflich vun engem Dag, Sproochreesen a Schoulreesen op Mooss am Lëtzebuerger Land oder am Ausland.