En zougänglechen a séchere Proximitéitsservice
Säit ville Jore realiséiere mir de Schoultransport vun dausende vu Schüler um ganze lëtzebuergesche Gebitt, an dat am Kader vun eiser Partnerschaft mam ëffentleche RGTR-Netz. Ëffentlech a privat Schoule souwéi d’Schoul-Etablissementer vun den europäesche Communautéite vertrauen eis Schoultransport-Servicer.
De Schoulbus ass hautesdaags ee vun de Pilierë vun eiser Aktivitéit am Beräich vum ëffentlechen Transport.
Eisen Know-How verbreet sech och iwwert d’Grenze mat Schoulbus-Servicer a Schoul-Etablissementer an Däitschland, Belgien a Frankräich.
Reesen, Ausflich an Deplacementer
Buslocatioun mat Chauffer
Eng praktesch a gënschteg Solutioun fir Är Schoulausflich
Verkéierssécherheetscours fir Schüler
Eng spilleresch Formatioun, fir op d‘Geforen vum Stroosseverkéier ze warnen an déi sech u jonk Benotzer riicht.
Schoulreesen an -ausflich
Ausflich vun engem Dag, Sproochreesen a Schoulreesen op Mooss am Lëtzebuerger Land oder am Ausland.