Bei enger Feier fir d’Hochzäit, de Gebuertsdag, Chrëschtdag oder eng speziell Occasioun kënnen Är Invitéë mat enger originaler Navett op d’Plaz vum Event transportéiert ginn.
E Service fir d’Event-Mobilitéit
Wëllt Dir eng Feier organsiéieren an Är Invitéë mat engem originalen Transportmëttel iwwerraschen?
Eisen Event-Navett-Service betreit Är Gäscht, fir se gemittlech op d’Plaz vum Event ze féieren an déi an aller Sécherheet zréckzeféieren wann d’Feier fäerdeg ass.
De Chauffer féiert Är Gäscht, Schrëtt fir Schrëtt, jee no engem bestëmmte Programm. Esou kënnen Är Gäscht vun der Feier profitéieren, ouni sech Suergen iwwert Transportproblemer ze maachen.
Eisen Event-Navett-Service Event Rider ass disponibel 24/7, ab 20 Passagéier am Lëtzebuerger Land an an de grenziwwerschreidende Regiounen.
Reesen an Deplacementer
Gruppereesen
Entdeckt Europa duerch eng organiséiert Rees zesumme mat Persounen, déi déiselwecht Interessië wéi Dir hunn.
Gruppereesen op Mooss
Selektionéiert Är Dramdestinatioun a mir organiséiere fir Är Grupp all d’Prestatiounen, déi mat Ärer Rees verbonne sinn.