Är Empfangs-Agence zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun.
Hëlt Äre Betrib un engem Colloque, engem Salon, engem Kongress zu Lëtzebuerg oder an der Groussregioun deel? Wëllt Dir eng schlësselfäerdeg Prestatioun fir d’Organisatioun vun Ärem Openthalt ?
Eng beherrscht Organisatioun
Eis Equipe vu Spezialiste fir de Geschäftstourismus empfängt a begleet auslännesch Betriber während hirem Openthalt zu Lëtzebuerg. Mir këmmeren eis ëm all d’Aspekter vun Ärer Rees: Reservatioun vu lokale Verkéiersmëttelen, Empfang an Transfert bis op de Fluchhafen, Reservatiounen vun Hoteller a Restauranten, kulturell Visitten…
En Netzwierk vu vertrauenswierdege Prestatairen
Eis professionellt méisproochegt Team baséiert sech op eng perfekt Kenntnis vun der Regioun an op e staarken Netzwierk vu Prestatairë fir Iech d’Solutioun ze fannen, déi am Beschten zu Äre Bedierfnisser passt.
Wann Dir ons d’Gestioun vun Ärer Rees iwwerloosst, hutt Dir e priviliegéierte Kontaktpunkt an eng eenzeg an detailléiert Rechnung am Enn vum Openthalt. Esou kënnt Dir wierklech ganz profitéiere vum Beschten, wat Lëtzebuerg ze bidden huet. Schéinen Openthalt!
Fir méi Informatiounen:
E-mail: dmc@sales-lentz.lu
Telefonsnummer: (+352) 266 511
De Flyer downloaden
D’Broschür downloaden
Trajeten, Mobilitéitssolutiounen, Reesen an Incentiven
Event-Navett op Ufro
Denkt un eis Event-Navett op Ufro fir Är Betribsfeieren. Alles gëtt betreit an Är Mataarbechter sinn a Sécherheet vum Ufank bis zum Schluss.
Gruppereesen op Mooss
Selektionéiert Är Dramdestinatioun a mir organiséiere fir Är Grupp all d’Prestatiounen, déi mat Ärer Rees verbonne sinn.