Eis op Ufro verfügbar Navett kënnt Iech heem sichen a féiert Iech op Är gewënscht Adress. Se kann, wann néideg, Iech heemféieren.
Flexibus, Äre Service fir eng Navett op Ufro.
Wéi funktionéiert d’Navett op Ufro?
Dir kënnt eng Navett op Ufro duerch d‘Zentral reservéieren, déi vu méindes bis freides tëscht 5:45 bis 20:00 Auer a samschdes vu 7:45 bis 18:00 Auer op ass.
Wéi gëtt eng Navett op Ufro reservéiert?
Fir eng Navett op Ufro ze reservéieren, rufft déi folgend gratis Telefonsnummer un: (+352) 8002 20 20.
Fir wien ass dëse Service?
En ass fir all d’Persounen déi sech spontan a mat Flexibilitéit um lëtzebuergeschen Territoire beweege wëllen.
Wéi kënnt Dir dëse Service fir eng Navett op Ufro benotzen?
CGitt eiser Zentral Är Wënsch fir d’Plaz an d’Zäit vum Depart a vun der Arrivée un. Mir sinn och bereet, speziell Demanden, wéi z.B. regelméisseg Trajeten, ze realiséieren. Mir empfielen Iech, souwäit wéi méiglech, Iech bei eis 45 Minutte virun Ärem Depart ze mellen.
Wéinst dem Beruffsverkéier an de Spëtzenzäiten (8:00-17:00 an 14:00 – 17:00) kéinten d’Departzäiten liicht verännert sinn – ausser wann de Client säin Trajet fréi genuch reservéiert huet.
Eise Gestiounssystem bestëmmt den Trajet.
Et ka geschéien, datt d’Navett en Ëmwee maache muss, fir aner Passagéier ëm- oder aussteigen ze loossen. Den Transport vu Kannerkutschen oder Rollstill ass méiglech.
Wou kann ech eng Navett op Ufro fannen?
Flexibus Beetebuerg
Flexibus Diddeleng
Flexibus Esch/Uelzecht
Flexibus Miersch
Messbus Flexibus Reckeng op der Mess
Flexibus Réiser
Flexibus Rëmeleng
Walfy Flexibus Walfer
Ruff Bus Suessem
Proxibus Garnech, Käerch a Stengefort
Conti Bus Conter
Ëffentlech Servicer a Mobilitéitssolutiounen
Ëffentlechen Schoultransport
Nous assurons chaque jour la desserte de nombreuses communes dans le cadre du transport scolaire.
Nightbus op Ufro
De Service vum Nightbus op Ufro owes oder nuets fir en Trajet vun der Wunneng bis op eng präzis Adress an de Retour.
Verkéierssécherheetscours fir Schüler
Eng spilleresch Formatioun, fir op d‘Gefore vum Stroosseverkéier ze warnen an déi sech u jonk Benotzer riicht.