Eisen Nightbus op Ufro ass en individuelle Bus ouni fixe Fuerplang oder fixen Arrêt. Eis Navett féiert Iech duerch d’ganzt Land, op eng gewënscht Adress a bréngt Iech sécher heem zréck wann den Owend fäerdeg ass. Eisen Nightbus fiert nëmmen de Weekend vun 18:00 Auer owes bis 05:00 Auer moies.
En Nightbus fir an aller Sécherheet ze fueren
Online Reservatioun
Dir kënnt Ären Nightbus online reservéieren, bis zu 60 Minutten virun der gewënschter Zäit vum Depart, soulaang Dir eng gëlteg Night Card oder Kreditkaart hutt.
SMS
Dir gitt iwwert d’Arrivée vun der Navett ongeféier 10 Minutten virun der Betreiung per SMS informéiert. Dir braucht da just bis op d’Offhuelplaz an der bestëmmter Auerzäit ze goen.
Präismodell
De Präis vun engem Trajet gëtt op Basis vun der Distanz gerechent, an net vun der Unzuel vun de Persounen, déi zesummen de selwechte Parcours reservéiert hunn. Den direkten Trajet (de kierzten) gëtt fir d’Rechnung benotzt, och wann de Chauffer en Ëmwee maache muss, fir aner Clienten ëm- oder aussteige ze loossen, oder fir e Grond onofhängeg vu sengem Wëllen.
D’Optioun « Multiple Entry »
Wann Dir en Nightbus fir méi Persoune reservéiert, kënnt Dir bis zu 8 verschidde Start- oder Stopppunkte ginn.
D’Night Card
E puer Gemenge proposéieren hire Bierger d’Night Card, fir datt si gratis oder mat engem reduzéierte Präis vum Nightbus profitéiere kënnen. Eng eenzeg Restriktioun: De Start- oder Stopppunkt vum Trajet muss um Gebitt vun der Gemeng sinn, wou den Titulaire vun der Night Card säi Wunnsëtz huet.
Mei Informatiounen
Reservéieren
Ëffentlech Servicer a Mobilitéitssolutiounen
Ëffentlechen Schoultransport
Nous assurons chaque jour la desserte de nombreuses communes dans le cadre du transport scolaire.
Navett op Ufro
E System fir e Bus, deen ee per Telefon reservéiert an deen Iech op Är gewënscht Adress féiert.
Verkéierssécherheetscours fir Schüler
Eng spilleresch Formatioun, fir op d‘Gefore vum Stroosseverkéier ze warnen an déi sech u jonk Benotzer riicht.