Är Reesagence zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun.
Sidd Dir Member vun engem Veräin, engem Club oder enger Clique? A wëllt Dir zesummen d’Lëtzebuerger Land oder d’Groussregioun entdecken? Erkläert eis Är Wënsch a mir organiséiere fir Är Grupp en Openthalt op Mooss.
Eng beherrscht Organisatioun
Eis Spezialisten-Equipe fir de Gruppentourismus empfängt a begleet Iech während Ären Openthalt zu Lëtzebuerg. Mir këmmeren eis ëm all d’Aspekter vun Ärer Rees: Reservatioun vu lokale Verkéiersmëttelen, Empfang an Navett bis op de Fluchhafen, Reservatiounen vun Hoteller a Restauranten, kulturell Visitten, Aktivitéiten…
En Netzwierk vu vertrauenswierdege Prestatairen
Eis professionellt méisproochegt Team baséiert sech op eng perfekt Kenntnis vun der Regioun an op e staarken Netzwierk vu Prestatairë fir Iech den Openthalt opzebauen, deen am Beschten zu Äre Wënsch passt.
Dir kënnt elo wierklech ganz profitéiere vum Beschten, wat Lëtzebuerg ze bidden huet. Schéinen Openthalt!
Fir méi Informatiounen:
E-Mail: dmc@sales-lentz.lu
Telefon: (+352) 266 511
De Flyer downloaden
D’Broschür downloaden
Reesen an Deplacementer (Transferten)
Gruppereesen
Entdeckt Europa duerch eng organiséiert Rees zesumme mat Persounen, déi déiselwecht Interessië wéi Dir hunn.
Fix-Navett fir Manifestatiounen op Ufro
Féiert Äert Publikum op d’Plaz vun der Manifestatioun mat eise Fix-Navett-Service.
Gruppereesen op Mooss
Selektionéiert Är Dramdestinatioun a mir organiséiere fir Är Grupp all d’Prestatiounen, déi mat Ärer Rees verbonne sinn.