Sidd Dir Enseignant an enger Schoul, e Collège oder Lycée oder responsabel vun engem Schoul-Etablissement?
Mir kënne Schoulreesen a Bildungsreesen organiséieren a bidden Iech Reesen un, déi op Mooss a personaliséierbar sinn, jee nom Profil vun Ärer Schoulgrupp.
Wielt selwer Är Schoulrees !
Eng Schoulrees oder en Ausfluch ass oft en Héichpunkt am Joer fir d’Schüler, souwéi fir d’Enseignanten.
Loosst Iech vun onsem Spezialisten-Team fir d’Organisatioun vun Ärer Schoulrees beroden. Mir assuréiere fir Iech all d’Prestatiounen, déi mat engem onvergiesslechen a problemlosen Openthalt verbonne sinn: bequeme Bustransport, Reservatioun vun der Iwwernuechtung, kulturell Visitten, Aktivitéiten…
Dir kënnt aus enger breeder Palett vun Destinatiounen Äre Choix maachen oder Iech fir en Openthalt op Mooss entscheeden, deen am Aklang mat Ärem pedagogesche Projet ass.
Et geet lass fir eng räich an eenzegarteg Experienz, déi Dir mat Äre Schüler erliewe wäert!
Reesen, Ausflich an Deplacementer
Buslocatioun mat Chauffer
Eng praktesch a gënschteg Solutioun fir Är Schoulausflich
Verkéierssécherheetscours fir Schüler
Eng spilleresch Formatioun, fir op d‘Geforen vum Stroosseverkéier ze warnen an déi sech u jonk Benotzer riicht.
Ëffentlechen Schoultransport
En zougänglechen a séchere Proximitéitsservice, fir de Schoultransport am ganze Land ze garantéieren.