Den Transport vu behënnerte Persounen ass ganz spezifesch an dofir sinn eng ugepasst Begleedung an ugepasst Gefierer néideg. Ons Gefierer si speziell equipéiert a garantéiere Servicer, déi sech un all Zorte vun Handicap upassen.
Bustransporter ugepasst fir behënnert Persounen
D‘behënnert oder eeler Persounen, déi net elleng mat den ëffentlechen Transportmëttelen oder selbstänneg mam Auto reese kënnen, kënnen eisen adaptéierten Transportservice ufroen. Dëse Service gëtt mat speziellen equipéierte Gefierer duerchgeféiert, inklusiv den Transport vu Persoune mat engem Rollstull.
Wie ka vun engem ugepassten Bustransport profitéieren?
D’Persounen, déi vun den Adapto-Servicer profitéiere kënnen, sinn déi:
- mat enger Behënnerung wéinst där si sech mat engem Rollstull oder engem Rollator beweege mussen;
- Blannen oder Leit, déi ganz schlecht gesinn;
- mat enger respiratorescher Ënnerfunktioun, wou Sauerstoff néideg ass, andauernd oder doheem;
- déi eng Demenz hunn oder eng geeschtlech oder intellektuell Invaliditéit hunn, sou datt si net elleng mat den ëffentlechen Transportmëttelen ouni d’Hëllef vun enger Drëttpersoun fuere kënnen.
Den Alter vum Demandeur ass kee Critère, fir d’Zougangskaart ze kréien. De Formulaire fir d’Demande zesumme mat engem Attest, muss un den MDDI geschéckt ginn.
Dëse Formulaire fannt Dir:
- beim MMTP, Departement vun den Transporter, Direktioun vun den ëffentlechen Transporter
- op www.adapto.lu
- andeems Dir eng E-Mail schéckt un: info@adapto.lu
- bei Info-Handicap
- bei engem agrééierten Transportbetrib
Den Transport
D’Persoune kréien eng Zougangskaart, déi hinnen erlaabt, dës Transportmëttelen ze benotzen. Dëse Service ka fir geleeëntlech Trajete benotzt ginn. D’Limite ass op max. 15 Benotzunge pro Mount fixéiert. D’Transporter ginn um Gebitt vum Lëtzebuerger Land gemaach. D’Trajete kënne mat deene vun anere Clientë kombinéiert ginn; e Client muss net onbedéngt elleng transportéiert ginn.
Betribszäiten
- vu sonndes (oder e Feierdag) bis donneschdes: vu 7:00 bis 22:00 Auer
- freides a samschdes: vu 7:00 bis 24:00 Auer
- am 24. Dezember: Enn vum Transport: 20:00
D’Präisser
De Client muss e Billjee beim Chauffer am Ufank vun der Rees huelen.
Einfachen Trajet: 5 € pro Persoun
Aller-Retour (selwechten Dag): 8 € pro Persoun.
De Chauffer kann d’Passagéier beim Ëm- an Aussteigen hëllefen. De Benotzer ka vun enger Persoun begleet sinn, déi deselwechte Präis bezilt. Den Transport muss fréi genuch reservéiert ginn, d.h. mindestens 1-2 Geschäftsdag/-deeg virdrun.
Eis kontaktéieren
D’Reservatioun gëtt ëmmer per Telefon, Fax oder E-Mail gemaach. D‘Clienten, déi net gutt gesinn/héieren, kënnen en SMS schécken.
Tel. : +352 23 62 62 00
Fax : +352 23 62 63 19
E-Mail : adapto@sales-lentz.lu
SMS : +352 691 456 200
(Dës Nummere si gëlteg fir Reservatioune bei Sales-Lentz fir all Destinatioun um Startpunkt vun der Inverventiounszon.)
Eis aner Servicer fir individuell Mobilitéit
Nightbus op Ufro
De Service vum Nightbus op Ufro owes oder nuets fir en Trajet vun der Wunneng bis op eng präzis Adress an de Retour.
Ëffentlechen Transport
Bus de ville, transport scolaire ou routier, nous nous engageons au quotidien pour garantir votre mobilité.
Navett op Ufro
Mat dësem Service fuert Dir vun doheem bis op eng gewënscht Adress a kommt ërem zeréck heem.