Der Schoulbus ass fir all d’Klasse vum Fondamental (Cycle 1 bis zu der Entrée am Secondaire).
Eng spilleresch Formatioun, fir op d‘Geforen vum Stroosseverkéier ze warnen
Fir d‘Kanner ass et méi geféierlech am Stroosseverkéier wéi fir d’Erwuessen. Méi kleng a manner opmierksam sinn si d’ufällegst Benotzer op der Strooss!
Dofir hu mir dëse Verkéierssécherheetscours ageféiert.
En huet als Zil, Verkéierspräventioun ze maachen a Kanner op de Verkéiersgeforen opmierksam ze maachen.
Duerch theoretesch a praktesch Beispiller entdecken d’Kanner d’Regelen ze respektéieren, fir e ganz séchere Bustrajet an léieren d’Uweisungen ze verfollegen während engem Noutfall.
Dëse Cours ass fir all d’Klasse vum Fondamental (Cycle 1 bis zu der Entrée am Secondaire). Mir invitéieren d’Klassen, zesumme mat den Enseignanten, un enger Formatioun vun engem hallwen Dag an eisem Bus-Depot zu Nidderkäerjeng deelzehuelen.
De Flyer op Däitsch ass hei downzeloaden:
http://downloads.sales-lentz.com/pdf/busschoul/BusSchoul_by_SalesLentz_de.pdf
Fir méi Informatiounen, kontaktéiert:
Monique Hirtz
Tel.: (+352) 691 206 464
E-Mail: busschoul@sales-lentz.lu
Services publics et solutions en mobilité
Ëffentlechen Schoultransport
Nous assurons chaque jour la desserte de nombreuses communes dans le cadre du transport scolaire.
Nightbus op Ufro
De Service vum Nightbus op Ufro owes oder nuets fir en Trajet vun der Wunneng bis op eng präzis Adress an de Retour.
Navett op Ufro
E System fir e Bus, deen ee per Telefon reservéiert an deen Iech op Är gewënscht Adress féiert.