Eng spilleresch Formatioun, fir op d‘Geforen vum Stroosseverkéier ze warnen
Fir d‘Kanner ass et méi geféierlech am Stroosseverkéier wéi fir d’Erwuessen. Méi kleng a manner opmierksam sinn si d’ufällegst Benotzer op der Strooss!
Dofir hu mir dëse Verkéierssécherheetscours ageféiert. En huet als Zil, Verkéierspräventioun ze maachen a Kanner op de Verkéiersgeforen opmierksam ze maachen.
Duerch theoretesch a praktesch Beispiller entdecken d’Kanner d’Regelen ze respektéieren, fir e ganz séchere Bustrajet an léieren d’Uweisungen ze verfollegen während engem Noutfall.
Dëse Cours ass fir all d’Klasse vum Fondamental (Cycle 1 bis zu der Entrée am Secondaire). Mir invitéieren d’Klassen, zesumme mat den Enseignanten, un enger Formatioun vun engem hallwen Dag an eisem Bus-Depot zu Nidderkäerjeng deelzehuelen.
De Flyer op Däitsch ass hei downzeloaden:
http://downloads.sales-lentz.com/pdf/busschoul/BusSchoul_by_SalesLentz_de.pdf
Fir méi Informatiounen, kontaktéiert:
Monique Hirtz
Tel.: (+352) 691 206 464
E-Mail: busschoul@sales-lentz.lu
Reesen, Ausflich an Deplacementer
Buslocatioun mat Chauffer
Eng praktesch a gënschteg Solutioun fir Är Schoulausflich
Ëffentlechen Schoultransport
En zougänglechen a séchere Proximitéitsservice, fir de Schoultransport am ganze Land ze garantéieren.
Schoulreesen an -ausflich
Ausflich vun engem Dag, Sproochreesen a Schoulreesen op Mooss am Lëtzebuerger Land oder am Ausland.