Wie si mir ?
Sales-Lentz-Grupp
De Familljebetrib Salez-Lentz, 1948 gegrënnt, gehéiert hautesdaags dem Marc an dem Jos Sales, déi Associéë vum Sales-Lentz Group sinn.
Mat enger Flott vu méi wéi 500 Gefierer besetzt Sales-Lentz déi wichtegst privat Flott vum Lëtzebuerger Land a vun der Groussregioun. D’Aktivitéite vun der Firma ëmfaassen d’folgend Beräicher: ëffentlechen Transport, Schoulbus, Navettë fir de Fluchhafen, Grupperees (mam Reesbus), Léisunge fir den Transport op Mooss vu Privatpersounen a Betriber. Am Laf vun de Joren ass Sales-Lentz och bekannt ginn am Beräich vun den Eventer, andeems e Systemer vu Shuttlebusse während Haapteventer ugebueden huet (z.B. ING Marathon, Rock-A-Field, Blues Express, Concerten, prënzlech Hochzäit am Joer 2012).
En anere Virreider vun der Geschäftskultur vu Sales-Lentz ass d’CSR-Politik (Corporate Social Responsibility), déi als Zil huet, zu der nohalteger Entwécklung bäizedroen. Dat ass eng Firmenphilosophie déi wirtschaftlech, ëmweltfrëndlech a gesellschaftlech Aspekter berücksichtegt.
Déi rezent Geschicht vu Sales-Lentz ass zanter 2009 mat groussen Investissementer an der Elektromobilitéit (Gefierer an Infrastrukturen um Site) markéiert, fir fäeg ze sinn, zu deenen ëmmer méi grousse Bedierfnisser vun enger ekologescher an nohalteger Mobilitéit z’äntweren.
De Pionéiergeescht vun der Firma huet sech viru kuerzem nach eng Kéier gewisen, an dat mat der Aféierung vum éischten autonome Shuttlebus zu Lëtzebuerg, wouduerch betount gouf, datt d’Innovatioun eng wesentlech Plaz an der Firma vun Nidderkäerjeng huet.